top of page

Eng Systemopstellung ass eng Method fir verënnerlecht Familljendynamiken kennen duerzestellen an unzekucken.

D’Ziel ass Verstréckungen opzeléisen, déi eegen Haltung kennen ze veränneren an e méi positivt Selbstbild opzebauen an doduerch säi Liewen an de Grapp ze kréie.

Design ohne Titel_edited.jpg

Systeemesch an Integrativ Opstellungen mam Jérôme GRETHEN
 

D’Method

​

D’systeemesch Familljen-Opstellung ass eng duerstellereg Method déi dozou déngt Verbindunge vun der Familljen- an och perséinlecher Geschicht ze verdäitlechen, ze erkennen, ze begräifen, ze moduléieren a méiglecherweis opzeléisen.

Et et gëtt ënner anerem u bannere Biller, verënnerlechte Konflikter a generatiounsiwwergräifende Verstréckunge geschafft.

D’Ziel ass ënnerlech Fridden ze fannen, säi Selbstbild positiv ze verbessere fir méi gefestegt am Liewe weider ze kommen.

​

 

Eng Opstellung hëlleft ënner anerem:

​

Fir aus Widderhuelungsmustere eraus ze kommen.

Bezéiungen ze verstoen a kloer ze stellen.

Fir mat schmäerzvollen Erliefnisser a Gefiller ëmzegoen.

Bei Situatiounen déi een iwwerfuerderen.

Fir berufflech a privat Entscheedungen ze treffen.

Fir mat schwéiere Liewenssituatiounen ëmzegoen.

Fir sech am perséinleche Liewen ze orientéieren

 

 

Den Opsteller

​

De Jérôme Grethen ass niewent Opsteller, och nach Kënschtler a Pressezeechner. Zënter

Kuerzem nees ganz ze Lëtzebuerg installéiert, huet hien d’systeemescht Opstellen zënter

2012 uechtert d’ganz Welt praktizéiert.

​

De Jérôme huet mat Gruppen an Eenzelpersounen, souwuel a Betriber, wéi och am Beräich

vun der perséinlecher Entwécklung a vun der therapeutescher Begleedung geschafft.

Iwwer d’Joren huet hien sech d’Method appropriéiert, an se mat aneren Usätz ëmmer

méi verfeinert, esou dass se de konkrete Besoine vun de Leit ugepasst ass.

​

De Jérôme facilitéiert d’Opstellungen an deem en se de Filtere vun der klinescher

Psychologie uleent, fir dass niewent der spiritueller Dimensioun, d’Aarbecht och am konkreten Alldag gräife kann. Hien gëtt reegelméisseg vun enger Diplompsychologin superviséiert.

​

Eenzelsëtzungen

​

An der Eenzelsëtzung schaffe mir am Detail duerch eng eenzeg Thematik, mir duerchliichten déi wichtegst Aspekter vir en dynamescht Gesamtbild ze erschafen, d'Verstréckunge ze verstoen an opzeléisen, an e Léisungsorientéiert Weidergoen unzeleeën. 

​

 Eng Eenzelsëtzung dauert 3 Stonnen. E Gespréich vu 40 Minutten, d'Opstellung vu ronn 2 Stonnen, an e Moment fir ze integréiere vun 20 Minutten.

​

Gruppesëtzungen

​

Zesummen am Grupp, ginn mir duerch verschidden Themen wéi Familjensituatiounen, Relatiounen, ënnerlech Konflikter, Blockagen an anner Liewesëmstann fir Léisungsusätz auszeschaffen.

Dir kënnt perséinlech Thematiken matbréngen an opstellen loossen, oder als Stellvertrieder an der Opstellung deelhuelen, oder einfach als Temoin observéieren.

​

Déi banner Biller déi opgeschafft ginn spigelen sech mat Äre eegene Situatiounen a bréngen Iech esou eng perséinlech ënnerlechErfaarungsberäicherung.

​

Bei Wonsch kënnt dir Är Thema och anonym opstellen loossen.

profilpic.jpg

Systeemesch Familljen-Opstellungen:  

​

Eenzel-Opstellungen:

3 Stënneg Sëtzungen mat déifgrënneger Ausleeung vum ganze System. 


Systeemesche Coaching

Zielgeriicht systeemesch Reflexioun vu konkrete Situatiounen.


Gruppe-Sëtzungen

Gemeinsam an eenzel Themen am Grupp opschaffen.

​

​

​

​

E puer Uwändungsméiglechkeeten am Business-Kontext:

​

Team-Opstellungen:

Fir Vertrauensstrukturen ze stäerken, Potential ze erhéijen an iwwer intern Dynamiken ze reflektéieren.


Strategie an Supervisioun:

Zielgeriicht Reflexioun vu konkrete Situatiounen (z. B. mat Klientë, Partneren oder internem Stress).


Leadership-Coaching:

Entscheedungssituatiounen, Rollenkloerheet, Nei-Orientéierung.


Strukturell Opstellungen:

Wann Äere Betrib viru Changementer steet (Fusionen, Neiorganisatioun, Kulturwandel).

​

​

Format & Modalitéiten:

​

In-House Workshops (½ Dag oder ganzt Dag)


Individuell Sessiounen fir Leit a Feierungs-Rollen


Supervisioun am Grupp (regelméisseg oder op Ufro)

“De gréisste Wuesstem entsteet do, wou Mënschen sech gesinn a verstaan fillen.”

Loost eis Schwätzen:

Kontaktéiert mech fir eng gratis Orientéierung, eng éischt Berodung oder fir eng individuell Offer.

Tel 00352 661 875 356

Whatsapp 00352 661 875 356 

Email grethenjerome@hotmail.com

​

​

​

​

​

IMPRESSUM

Design GRETHEN25

bottom of page