

Gruppenopstellungen
Gruppesëtzung – Gemeinsam Weeër zur Léisung fannen
An enger ënnerstëtzender Grupp, exploréiere mir verschidde Beräicher wéi Familljesituatiounen, Relatiounen, intern Konflikter, Blockagen an Liewesverhältnisser. Dëst geschitt op dräi verschidden Aart a Weisen:
- *Perséinlech Opstellung*: Dir kënnt Är individuell Thematik matbréngen a se opstelle loossen.
- *Stellvertriedung*: Dir hëlleft an den Opstellungen vun aneren a spürt un sech selwer, wéi sech d’Dynamike manifestéieren.
- *Observatioun*: Dir kënnt als Temoin d’Prozesser verfolgen a vun den Erkenntnisser profitéieren.
D’Method erméiglecht et, banneschten Biller bewosst ze maachen, déi sech mat Ären eegene Erfarungen verknëppen a nei Perspektiven opmaachen. Op Wonsch kann Är Thematik anonym opgestallt ginn.

Déi nächst Gruppenopstellung ass den
25. Juni um 18h30
am Scarabaeus an der Stad
