top of page

Systeemesch Begleedung

Familljenopstellungen · Betribsopstellungen · Supervisioun

Jérôme Grethen

cover_edited_edited.jpg

Wat ass eng Systeemesch Opstellung?

An enger Opstellung gëtt eng Situatioun siichtbar gemaach an deem se an de Raum gestallt gëtt. Persounen oder Theme ginn symbolesch duergestallt. Dobäi ginn d'Dynamiken an d'Verbindungen erkennbar, an et gëtt séier kloer, wat soss schwéier ze benennen ass.

Gespréich

Am Ufank kucke mir zesummen, ëm wat et geet. Dir beschreift Är Situatioun, an zesumme fanne mir eraus, wourëms et kloer geet. Dat gëtt der Opstellung hir Richtung.

Opstellung

D'Situatioun gëtt an de Raum gestallt. Dir kuckt vu baussen drop a gesitt, wéi d'Persounen an d'Themen zouenee stinn. Dacks weist sech eppes, wat ee soss net gesäit. Wann d'Bild sech beweegt, kann eng nei Uerdnung entstoen.

Integratioun

Mir kucken, wat sech gewisen huet, a wéi Dir dat an Ären Alldag mathuelt. Dat neit Bild wäert wierken an sech mat der Zäit néierloossen, an an Ärem Liewen awierken.

Systeemesch Familljenopstellungen

Heefeg Theme si Konflikter an der Famill, Trennung a Verloscht, oder schwéier perséinlech Passagen. Ëfters geet et ëm Musteren, déi sech iwwer Generatioune widderhuelen, blockéiert Entscheedungen, oder festgefuere Situatiounen.

Eenzelsëtzungen

Eng komplett Opstellung ënner véier Aen, fir méi déifgrënneg duerch en Thema duerch ze schaffen. Eng eenzel Sëtzung, déi dräi Stonnen dauert.

Gruppesëtzungen

An engem klenger Grupp, ginn Themen kollektiv opgeschafft. Stellvertrieder aus der Grupp sti fir déi eenzel Positiounen an.

Gruppesëtzungen sinn ee mol de Mound, oder op Demande. 

Coaching

Méi direkt a kuerz Sëtzungen, eventuell iwwer eng länger Zäit, oder fire e ganz preziist Thema unzekucken.

Minimum eng  Stonn.

 Systeemesch Betribsopstellungen, 
 

Supervisioun an nach méi

Systeemesch Opstellungen hëllefen iwwerall do, wou Leit zesummeschaffen.

Si maachen déi verschidden Rollen méi däitlech, Spannungen a Vertrauensstrukturen siichtbar, a si verhëllefe Versteesdemech bei Problemer a Krisen ze erkennen.  Esou kann eng Equipe oder eng Organisatioun besser verstoen, wat virgeet, wéi eng Léisunge wierken, a kann méi kloer Entscheedungen treffen.

Betribsopstellungen

Vertrauen an der Equipe, Leadership a Rollen, an d'Zesummenaarbecht mat Clienten a Partner. Oder do, wou Spannungen ënnert Kolleegen entstinn, oder wou eng Equipe no engem Wiessel hir Plaze nei muss fannen. Eng Opstellung kann d'Management bei strategeschen Entscheedungen ënnerstëtzen, a gëtt Orientatioun a Kontext bei  Projeten, Ännerungen  oder Verhandlungen.

Strukturen an Organisatioun

Fir Betriber, Organisatiounen an Institutiounen, déi strukturell Froen hunn : Oflaf, Hierarchien, Schnëttstellen tëscht Departementer, oder fir Changementer wéi zum Beispill Fusiounen an Neiorganisatioun. Eng systeemesch Opstellung mécht déi ënnerschwelleg Dynamiken vun der Organisatioun siichtbar a gëtt der Direktioun eng méi kloer Basis, fir Strukturen unzepassen an Ännerunge gezielt ze begleeden.

Sozialpädagogesche Beräich

Fir Equipe aus der Sozial- a Betreiungsaarbecht, wou d'Belaaschtung héich ass, an d'Grenze séier verschwammen: Wien iwwerhëlt wat, a wou hält d'Verantwortung vun der Equipe op? D'Opstellung weist, wou zum Beispill, Rollen sech vermëschen a wou eenzel Persounen ze vill droen ; Et schaaft Kloerheet an entlaascht domat déi ganz  Equipe.

Weider Uwendungen

Opstellunge loossen sech u vill Situatiounen upassen, iwwerall do, wou Mënschen, Rollen oder Iddien openeen awierken: Systeemesch Mediatioun bei Konflikter, séien se privat oder professionell, d'Begleedung vu kreative Prozesser an d'Entwécklung vun neie Projeten. Fir Persounen an héijen Positiounen gëtt et och eng adaptéiert Begleedung, fir Carrière a Privatliewen an e gesonde Gläichgewiicht ze bréngen.

Formater

Workshops

En hallwen oder e ganzen Dag, direkt an Ärem Betrib oder an Ärer Institutioun. Op Wonsch och ausserhalb an engem adaptéierte Kader.

Gruppe Supervisioun

Reegelméisseg oder punktuell, op Ufro — de Rhythmus gëtt am Viraus zesumme festgeluecht.

Eenzelbegleedung

Fir Leit a Féierungsrollen: vertraulech an op Mooss.

Aner Formater

Formater ginn no Ärem Bedarf ugepasst ; Dauer, Plaz an Opbau ginn zesummen definéiert.

About

Iwwer mech

Et ass mäi perséinleche Wee, dee mech zu der systeemescher Aarbecht bruecht huet. Ugefaange hunn ech mat enger psychoanalytescher Formatioun. No längerem Sichen a verschiddene Richtungen, hunn ech eng zweejäreg praktesch an theoretesch Ausbildung als Familljen- a Systeemopsteller gemaach, an dës mat de klassesche Grondlage vun der Opstellungsaarbecht verdéift.  Fir d'Qualitéit vu menger Aarbecht ze sécheren, loossen ech mech selwer reegelméisseg superviséieren.   Ech A menger Begleedung leenen ech mech u psychotherapeutesch Approchen un.

​​

Wat mech zudéifst beweegt, ass dat mënschlecht Geschéien, dat, wat am Mënsch an tëscht de Leit geschitt, a wéi Jiddereen, op seng ganz eegen Aart a Weis, säi Wee am Liewe mécht. 

​

Doniewent sinn ech kënschtleresch täteg a schaffen anerwäerts als Formateur.

​

Sproochen: Franséisch, Däitsch, Englesch, Spuenesch

profilpic_edited.jpg

Credentials

"E kléngen Message fir dir ze soen dass ech immenz dankbar sinn. Genau dat wat ech wollt huet d'Aarbescht mir méiglech gemaach. Et war brutal... Awer ech hunn elo villes verstanen... a kann elo weider."

— T.S., Pedagogin

"Encore merci pour toute cette énergie dévouée à l'absorption de notre système familial. Ça a hyper bien fonctionné.

Je suis bluffé, bravo, c'est  impressionnant."

— P.A., chef d'entreprise

"Ech muss Dir soen dass dat eng immens postitiv Auswierkung huet, well ech gewesse Saachen aneschtes gesinn... a mech ënnerlech vill besser fillen. Ech huelen vill mat aus der Sëtzung."

— F.K., Educatrice

Kontakt

Loosst eis schwätzen

Gratis telephonescht Virgespréisch

Telefon a WhatsApp: 00352 661 875 356

Warnung - Avertissement - Warning

 

🇱🇺    Opstellungsaarbecht ersetzt keng medezinesch oder psychotherapeutesch Behandlung.

🇫🇷     Le travail en constellations ne remplace pas un traitement médical ou psychothérapeutique.

🇬🇧    Constellation work does not replace medical or psychotherapeutic treatment.

 

IMPRESSUM

​

Design:

Jérôme Grethen · 27128Design

 

Responsible for content:
Jérôme Grethen · Opstellungen

​

Data
This website does not collect personal data and uses no cookies for tracking or advertising. Please note that the hosting platform, Wix, sets technically necessary cookies of its own. If you write or call me, your contact details are used solely to answer your enquiry and are never passed on.

​

Liability
The content of this site is maintained with care, but without guarantee of completeness. For external links, the respective provider is responsible.

​

Copyright
All texts and images on this site are the property of Jérôme Grethen unless otherwise stated.

​

📩 Contact :
Jérôme Grethen
grethenjerome@hotmail.com
www.opstellung.lu

​​

​

bottom of page